Eis Équipe

Eist Team vun héich trainéierte Massagetherapeuten ass wat Wellness4Ever sou besonnesch mécht.

Mat Joren vu spezialiséierter Erfarung an der grousser Fäegkeet fir sech an d‘Clienten eranzefillen, bitt eise gudde Staff vill méi wéi qualifizéiert Massagetherapien. Si maachen dass all Client sech gutt opgehuewe fillt, an ob seng Problemer agaange gëtt.

Dank eise phantastesche Spezialisten ass all Wellness4Ever Client an deene beschten Hänn.

Vanessa

Massage Spezialistin


D'Vanessa koum zu hirer Massagekarriär op eng atypesch Manéier, nodeems si zwielef Joer als internationaalt Modell geschafft huet. D'Erfarung huet hir Ae fir d'Welt opgemaach, an huet hir eng onheemlech oppe Perspektiv op d'Liewen ginn an eng déif Valorisatioun fir déi vill wonnerbar Leit a Kulturen.

Prett fir aus hirem Héichstressberuff eraus ze kommen an nei Perspektiven ze entdecken, huet d’Vanessa als Verkeeferin geschafft an dat wärend der Ausbildung als Massagetherapeut, an alles wärend hirer Roll als jonk Mamm.

Mat enger Mëschung aus Opmierksamkeet a guddem Wëllen fir hir Massagetherapie, kënnen d'Cliente och en opmierksaamt an agreabelt Ouer erwaarden, mat engem Touch Humor typesch fir eng Fra vu Léck.

Wärend denen eelef Joer an hirer Massagetherapie Karriär widmed d'Vanessa hir Fräizäit mat hirer Léift fir Päerd a Mier.

Catja

Massage Spezialistin


Catja ass eng erfollegräich Yoga Léierin. Doduerch dass d’Catja e puer Joer duerch Indien gereest ass, huet si déi erstaunlech positiv Säiten, flott Eegenschaften a Virdeeler vun der Ayurvedescher Massage kenne geléiert.

Hir Reesen hunn hier d’Chance an d’Méiglechkeet ginn en Abléck a verschidde Massage vu scho méi laang bekannte Wellness Techniken ze kréien. Wärend hirer éischter Zäit an der Stad Rishikesh um Fouss vum Himalaya, krut d‘Catja Initiatioun an en héich geschätzten Ayurvedic Massage Trainingsprogramm. Faszinéiert vun der Erfarung ass si dunn an de Süde vun Indien gereest, op Kannur, Kerala, wou si hire Panchakarma Certificat an der Ayurvedic Massage kritt huet.

Dës Erfarungen a vill anerer hunn dem Catja déi wonnerbar Geleeënheet gi Wëssen a Wäisheet mat erstaunleche Leit aus der ganzer Welt auszetauschen, Massage Therapien ze deelen an eng grouss Varietéit vun anere Wellness Techniken ze entwéckelen fir d'Wuelbefanne vun allen ze verbesseren an z'erhalen.

Bei hirem Retour op Lëtzebuerg, beräichert d’Catja hier Studien weider doduerch dass si hiert grousst Zil verfollegt andeems si d’Kombinatioun vu Wäisheet zesumme mat hirem Wëssen iwwer Heelung an hir glécklech an erfëllte Liewenserfarungen jidderengem weiderverschenkt, deem si begéint.